Lightpainting an der Buerg

An der Vergaangenheet hunn d’Mauere vun der Buerg méi ewéi eng Kéier als Kuliss vu faarwege Luuchte gedéngt. De leschte Weekend gouf allerdéngs am Bannenhaff vun der Buerg mat Luuchte gemoolt an erauskomm sinn eemoleg Wierker.

Ee vun den absolute Meeschteren op dësem Gebitt ass den Olaf Schieche vun Hamburg. De Kënschtler a Fotograf trëtt ënnert dem Kënschtlernumm Zolaq op a säi Schaffe gouf méi wéi eng Kéier vun engem Fernsehteam begleet. Reportagen a Wierker konnt een ënner anerem an der Sendung Galileo op Pro7 gesinn oder a Fachzäitschrëfte fir Fotografe liesen. Ee Wierk gesäit een net direkt well dat duerch Laangzäitbeliichtung mam Fotoapparat entsteet. Éier et lassgeet muss ee sämtlech Beweegungen am Kapp hunn an och wësse mat wéi enge Luuchten ee schafft. Fir ee Bild ze realiséiere kann et virkommen, datt hien iwwer fënnef Stonnen dru schafft. Lightpainting (mat Liicht molen) heescht dës Zort vu Konscht.

Eng 20 ambitionéiert Fotografen aus Lëtzebuerg an aus Däitschland hu freides a samschdes un zwee besonnesch Workshops hei zu Beefort deelgeholl. Si alleguer hu méi wéi eng Kéier gestaunt wa se no e puer Minutten Beliichtungszäit d’Resultat op hirem Écran vum Fotoapparat gekuckt hunn. De Maximum vun der Beliichtung huet 551 Sekonnen gedauert. Wéinst dem schlechte Wieder gouf den zweeten Dag um Späicher vun der Scheier ugefaangen an esou hat dës Grupp aner Resultater ewéi d’Grupp vun e Freideg. Organiséiert gouf de Workshop mam Olaf Schieche vum Fotograf Georges Noesen, deen och Coursen an der Fotografie a Bildbearbechtung gëtt.

Hei elo d’Resultater vun den zwee Deeg: