Éischten Theaterfestival zu Beefort

Iwwert de Weekend ass den éischten Theaterfestival iwwert d’Bühn gaangen, dee vum Eric Feront op d’Bee gestallt gouf. Am Ganze goufe sechs Stécker virgedroen an een Atelier fir Kanner a Jugendlecher organiséiert.

Freidegowes huet den Theaterfestival ugefaange mam Stéck “Des hommes de passage…” vum Thierry Audoin an opgefouert hunn “Actis-Théâtre Action”. Weider goung et samschdes mam Stéck “Sous la ceinture…” vum Richard Dresser an dës Kéier stoung d’Companie Tricephale aus der Belsch op der Bühn. Wien et beim Beaufort Festival verpasst huet, dee konnt samschdegowes de “Genesis nom Codi” vum Patricia Lippert nach eng Kéier gesinn.

D’italienescht Theaterstéck “Tutt’Italia per 12 Euro” gouf sonndegmëttes vun der “Società Dante Alighieri“ hei vu Lëtzebuerg virgedroen. 20 Komödiante stoungen ënnert der Leedung vum Luisella Suberni Piccoli a si hunn eng tausendjähreg Promenade duerch d’italienesch Kultur mat de sëllege Facette presentéiert. Weider um Programm stoungen “Une heure avant la mort de mon frère” vum Daniel Keene a virgedroe vum “Studio Théâtre” an zum Ofschloss d’Stéck “Le béret de la tortue” vum Jean Dell a Gérald Sibleyras, opgefouert vu “Tapaltrac”.

E puer Andréck aus dem Stéck “Tutt’Italia per 12 Euro”.