Ritteriessen a Schlassmaart

D’Amicale Beaufort an d’Duerfveräiner hunn de leschte Weekend op d’traditionellt Schlassfest invitéiert. An enger flotter mëttelalterlecher Atmosphär am Gaart vum Beeforter Renaissanceschlass gouf de Samsdegowend ee Ritteriessen zerwéiert.

Gëschter Sonndeg huet den Dag mat enger Mass ugefaangen a virum Mëttegiessen (Fierkel um Spiiss) gouf ee Concert-Apéritif gespillt. Nieft dem Schlassmaart mat verschiddenen Ateliers protégés an der Amicale Beaufort hunn eng Rei Concerten fir Ënnerhalung gesuergt: den Nico Haupert, de Grupp “Schoklasbotter” vun der Ligue HMC an d’Cäcilias Töchter aus Meckel.

Am Nomëtteg huet de Ritter Sigi eng Visite guidée vun der Buerg gemeet a “Via Nobilis” huet ee mëttelalterleche Camp ugebueden an Animatioun fir d’Kanner gesuergt.

Zum Schluss gouf d’Tombola gezunn an d’Lëscht vun de Gewënner ginn den Owend um Site vun der Amicale Beaufort op www.amicale-beaufort.lu publizéiert. Den Erléis ass fir Mënschen mat enger Behënnerung.