Rock am Duerf 2017

Ronn 600 musikbegeeschtert Fans hu sech beim Rock am Duerf 2017 de leschte Freideg op der Äispist afonnt. Organiséiert gëtt Rock am Duerf vun der Asbl PaprikArt an am Januar 2015 gouf d’Vereenegung vun e puer Kollegen gegrënnt. Si huet hire Sëtz zu Déiljen. D’Grondiddi ass fir Manifestatiounen hei zu Beefort ofzehalen an dat op der Äispist, déi ausserhalb vun der Wantersaison onbenotzt ass.

Beim Rock am Duerf steet “Kölsche Musik” am Mëttelpunkt. No Brings d’lescht Joer ëm dës Zäit stounge bei der 2017er Editioun Cat Ballou a Kassala op der Bühn. Vun de 600 Zuschauer sinn der vill aus dem noen Grenzgebitt komm an och vu Köln selwer goufen d’Entréesticketen am Virfeld geschéckt.

Eng Fotosgalerie vum musikaleschen Owend op der Äispist: