Ee Kapitel an der Beeforter Lokalchronik gouf zou gemeet

No méi wéi 50 Joer gouf haut Samsdeg, den 10. Dezember, ee Punkt op eng Beeforter Geschicht gesat: „Den Hanff ass zou“. Et wäert een nach eng Zäitche brauche fir sech bewosst ze ginn, wat op dësem Dag geschitt ass an och fir festzestellen, datt et nit méi sou ass ewéi et wor.

Vu lénks no riets: Carmen Krecké, Max Steinmetz, Yasmine Grethen, Chris Scheier, Gaby Hanff, Guy Hanff, Monique Hanff, Conny Hanff mam Zoé Steinmetz a Sascha Hanff.

Op Nummer 79 un der Grand-Rue geleeën huet et Enn August/September am Joer 1966 alles ugefaangen. Op där Adress ass an Zesummenaarbecht mat der Brauerei Clausen ee renge Depositaire entstanen. Ewéi d’Joer drop d’Schwämm opgaangen ass goufen déi éischt Versich ënnerholl fir eng Epicerie op d’Been ze stellen. De Succès huet der Decisioun Recht ginn an 1970 koum et zu engem Neibau mat enger Epicerie. Dat wor iwwregens den éischte Self-Service am Duerf an och wäit ronderëm an der Géigend. Am Joer 1989 du koum dunn ee gréisseren Neibau bäi an 2002 ass et ee professionelle Depositaire ginn.

Wéi schonns gesot ass haut no iwwer 50 Joer am Déngscht fir hier Clienten Schluss an ee Kapitel an der Beeforter Lokalchronik zu Enn gaangen. Mat engem Patt fir hiert Personal an hir Clienten hunn de Guy an d’Gaby Hanff Merci gesot an et wor schonns ee besonnesche Moment wa kuerz no 17 Auer d’Dir definitiv zou gemeet gouf. Herno beim Äddi konnt een engem déi eng oder aner Tréin gesinn an trotzdem gouf sech de ganzen Dag un déi schéi Momenter vun dem hallwen Joerhonnert erënnert.

An engem gudde Mount wäert op der nämmlechter Adress eng Quincaillerie mat Campingsartikelen opgoen an Enn Mäerz/Ufank Abrëll 2017 wäert den Delhaize am neien Altersheem seng Dieren opmaachen. Op dëser Plaz dem Guy an dem Gaby ee grousse Merci gesot fir hiren Asaz, deen zu enger besserer Liewensqualitéit zu Beefort bäigedroen huet.

E puer Andréck vum leschten Nomëttig: