Päischtwanderdeeg de 27. an 29. Mee

“No zwee schwéier Corona-Joren huet sech d’Situatioun 2022 sou lues a lues normaliséiert”. Dat war d’Aleedung vun der Presidentin vun de Wanderfrënn Beefort Nancy Dupont-Courtois op der Generalversammlung am Kummelsbau. Et wier een nach net do wou ee viru Corona war mee et geet an déi richteg Richtung.

Dat konnt een bei den Zuele vun de Participante bei de Päischtwanderunge gutt gesinn. Samschdeg goufen 277 a Méindeg 636 Wanderer gezielt, sou de Sekretär Ralph Berkes. Ëmmerhin zielen d’Beeforter Päischtwanderungen zu den Top 3 bei de Feierdeegwanderungen. Eng weider Aktivitéit gouf et den 13. August wou de permanente Wanderwee PW 30 vun de Membere vun de Wanderfrënn ageweit gouf. Mat 18 Lizenze sinn d’Beeforter Wanderfrënn vu 44 Veräiner de fënneftklengste Club zu Lëtzebuerg. Dat bedeit awer net, datt se net aktiv sinn. Ëmmerhi ware se u 55 vun insgesamt 63 Wanderunge vertrueden.

De Keessebericht, virgedroe vum Caissier Steve Dupont, huet mat engem Boni ofgeschloss an op Virschlag vun de Revisoren gouf de Caissier entlaascht.

Mam Laura Weber konnt de Comité vergréissert ginn. De Joresbeitrag bleift bei zwielef Euro. Zu Éiere koumen den Arthur Mossong fir 596 an d’Juliette Werdel fir 212 Wanderungen.

Verschidden Datumer soll ee schonns virmierken. Dëst Joer fannen d’Päischtwanderdeeg de 27. an 29. Mee statt a fir den 29. Juli ass eng geféiert Wanderung zu Beefort, an der Géigend an een Tour op de Geosite Steekaul virgesinn, déi mat Ham, Fritten an Zalot am Kummelsbau ofgeschloss gëtt. D’Wanderfrënn selwer maache vum 6. bis den 9. Mee nach een Ausfluch op de Bodensee.

Zum Schluss huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann dem Veräin a senge Membere Merci gesot fir déi geleeschten Aktivitéiten an huet hinnen alles Guddes fir d’Zukunft gewënscht. Ofschléissend huet d’Presidentin Nancy Dupont-Courtois jidderengem Merci gesot, deen de Veräin an iergendwellecher Form a Manéier am Laf vun de leschten zwielef Méint ënnerstëtzt huet.

D’Wanderweeër an der Gemeng Beefort sinn iwweregens an der Beeforter App opgelëscht, dorënner och déi zwee permanent Wanderweeër PW20 (B1) a PW30 (B14).