Ravitaillement zu Beefort

No engem Joer Paus gouf rëm d’Randonnée “Schleck Gran Fondo” organiséiert. Bei dëser Editioun sinn d’Coureuren ewéi déi Jore virdru rëm duerch Beefort gefuer. No genau 79,1 Kilometer stoung den zweete vun insgesamt dräi Ravitaillements um Programm.  Nom Départ ëm 9.30 Auer goung et iwwer Ohn, Fluessweiler, Wecker, Bech, Konsdrëf, Mëllerdall, Vugelsmillen op Beefort erop an duerno weider op Eppelduerf an de Rescht vun insgesamt 155 Kilometeren.

Am Virfeld hu sech am Ganze 1.659 Coureure fir dëse groussen Tour ageschriwwen. De “Schleck Gran Fondo” gehéiert zu de weltwäiten “UCI Gran Fondo World Series” an hei zu Lëtzebuerg wor et déi lescht Méiglechkeet sech fir d’Weltmeeschterschaften a Bosnien-Herzegowina ze qualifizéieren. Um Départ war dëst Joer ënner anerem de Richard Virenque.  Siwemol konnt de franséische Biergspezialist d’Biergwäertung (getëppelte Maillot) beim Tour de France gewannen.

Zum Ofschloss eng kleng Informatioun. Hannert dem Ravitaillement wor eng “Trash”-Zon, wou d’Vëlosfuerer d’Verpakungen vun hirer energieräicher Verfleegung ewechgeheie konnten. Nom Passage huet sech den Organisateur drëm bekëmmert fir dësen Offall anzesammelen an owes huet een näischt méi vun der Randonnée gesinn.