Masken aus dem “Drive in”

All Awunner iwwer 16 Joer, deen de 4. Mee an der Gemeng Beefort an engem Stot ugemellt wor, krut viru ronn zwou Wochen ee Bréif vun der Regierung fir 50 Masken ze kréien. De leschte Samschdeg a gëschter Méindeg hunn d’Membere vum CIS Beefort mat der Ënnerstëtzung vum Gemengepersonal d’Maske verdeelt.

Beim Atelier vum Service technique gouf een “Drive in” ageriicht. Ouni aus dem Auto erauszeklamme goufen d’Maske beim Virleeë vum Bon de retrait iwwerreecht. Fir ee Chaos a Stau ze vermeide goufe verschidde Regelen opgestallt. Am Groussen a Ganzen huet alles perfekt funktionéiert. Et ass mol virkomm, datt den een oder aneren aus verschidden Ursaache säi “Bon de Retrait” net dobäi hat mais et gouf alles geléist.

Vulnérabel Persounen oder Matbierger, déi sech guer nët konnten déplacéieren, kréien hir Masken am Laf vun dëser Woch Heem bruecht.