Iwwer 250 Zuschauer beim Äishockeymätsch

Beim leschten Heemmätsch de leschte Samschdeg vun de Beaufort Knights géint Colplay Sharks vu Mechelen waren iwwer 250 Leit op der Äispist. Dorënner waren och Vertrieder vun der belscher an der lëtzebuerger Äishockeyfederatioun.

D’Gäscht sinn an der 8:32 Minutt a Féierung gaangen, déi de Chris Meyers 28 Sekonne méi spéint konnt ausgläichen. Gutt zwou Minutten duerno huet den Nicolas Mossong den 2:1 geschoss. Am zweeten Drëttel (26:36) hunn d’Coldplay Sharks zum 2:2 getraff an no rëm mol keng 30 Sekonne waren déi Beeforter duerch ee Goal vum Benny Welter 3:2 vir. Mat deem Resultat ass ët och an déi lescht Paus gaangen. D’Gäscht konnten am Ufank vum leschten Drëttel rëm eng Kéier ausgläichen mais duerch d’Goaler vum Benny Welter (47:46) an dem Eric Wambach (58:31) hunn d’Beaufort Knights verdéngt 5:3 gewonnen.

Den nächste Mätsch spillen d’Beeforter dëse Samschdeg um 19.30 Auer géint den Tabelleleader Chiefs Leuven, déi bis elo all hir néng Mätscher gewanne konnten. Déi Woch drop ass den Tabellenzweeten Turnhout Tigers, déi ee Mätsch verluer hunn, zu Beefort op Besuch.