Erënnerung un de 16. Dezember 1944

De “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” huet de leschte Samschdeg fir déi 25. Kéier un d’Rundstedoffensiv, déi de 16. Dezember 1944 ugefaangen huet, erënnert.

De Rendezvous wor ëm 9 Auer bei der Kierch zu Beefort an bedeelegt hu sech ënner anerem ee Vertrieder vun der amerikanescher Ambassade, Gemengenautoritéiten, eng Delegatioun vun der Lëtzebuerger Arméi Frënn vun den Amerikaner, CVM Steesel, Quadriga, Duerfleit a Membere vum ​De Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale. An dësem Kader gouf och ee Film gewisen, dee Beefort am Fréijoer 1945 dokumentéiert an dat souwuel no der Mass an herno bei der Réceptioun am Kummelsbau.

An hiren jeweilege Rieden hunn de Buergermeeschter Camille Hoffmann, de Marcel Kayser (Präsident vum “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale”), de Paul W. Hendricks (Regional Security Officer) un déi schwéier Zäiten an den Zesummenhalt tëschen de béide Länner erënnert. Dat nämlecht war och an der Mass de Fall, déi vum Paschtouer Carlo Morbach an der Pastoralassistentin Josiane Mirkes zelebréiert a vun der Chorale Ste Cécile vu Beefort mat der Chorale Sang mat Waldbëlleg-Haler gestalt gouf.