Kiermesweekend zu Beefort

De leschte Weekend war Kiermes zu Beefort an no ville Jore gouf et een Hämmelsmarsch, dee vun der “Commission consultative communale d’intégration Beaufort” organiséiert gouf. D’Kommissioun huet sech zum Zil gesat sech net nëmme fir Net-Lëtzebuerger mais och nei Beeforter Bierger anzesetzen. Dozou zielt d’Opliewe vun alen Traditiounen ewéi zum Beispill d’Kiermes.

Vu que datt et zu Beefort keng Musek gëtt, hu Beeforter Jugendlecher, déi an der Museksschoul zu Iechternach ageschriwwe sinn, den Hämmelmarsch gespillt. De Cortège mat de Musikanten, Jugendpompjeeën, Gemengevertrieder a Beeforter Leit goung vum Kiosk d’Haaptstrooss erof an déi aner Säit iwwert d’Kummel rëm zeréck op de Kiosk. Mat engem symboleschen Akt gouf de Kiermesweekend agelaut an d’Leit kruten eng Kiermesdrëpp, Viz, Kiermesham a Kiermeskuch offréiert. Fir Kiermesstëmmung huet de Romain Thielen gesuergt.

Sonndes war de klenge Kiermesmaart mat Musek, Iessen, Gedrénks a Ponyreiden, dee vum Syndicat d’initiative zesumme mat den Duerfveräiner organiséiert gouf. Des Weidere konnten een um Kannerfloumaart vun der Elterevereenegung haaptsächlech Spillsaache kafen.

Op jidde Fall war den Optakt vun der Kiermes ee grousse Succès mat deem kee gerechent huet. Op sou enger Basis kann ee ganz gutt opbauen a vläicht kënnt ee Veräin op d’Iddi ee Kiermesbal ze organiséieren oder datt e puer Kiermesbuden op Beefort kommen. Bis zu der nächster Kiermes huet een nach eng 52 Wochen Zäit fir eppes op d’Been ze stellen.