Jugendturnéier am Äishockey

De leschte Sonndeg war op der Äispiste ee vum IHCB organiséierte Jugendturnéier a gespillt gouf an zwou Kategorien: U12 an U17.

Véier Ekippen hunn an der Klass U12 matgespillt an zum Schluss hu sech déi jonk Spiller vun Tréier op déi éischt Plaz plazéiert an dat virun de Spiller vu Bitburg, dem IHCB an den Huskies aus der Stad.

Bitburg a Beefort waren déi zwou eenzeg Ekippe bei den U17. Zweemol hu se géintenee gespillt an am éischte Mätsch hunn déi Beeforter Spiller 4:2 gewonnen an de “Retourmätsch” souguer 5:2.

E puer Biller vum zweete Mätsch vun den U17 an och vun den U12 Beefort géint Bitburg.