De Chrëschtbeemche steet virun der Kierch

Iwwermuer Sonndeg ass den éischten Advent an zanter haut Freideg steet ee grousse Chrëschtbam virun der Kierch. Et war géint 8.30 Auer de Moien ewéi d’Ekipp vun der Administration de la nature et Forêts zesumme mat der Hëllef vun der Firma Scholtes-Vossen mat den Aarbechten beim Lucie Thielen an der Reisduerferstrooss ugefaangen hunn.

Tëschen 1.000 an 1.200 Kilo weit sou ee Bam, dee fir d’éischt befestegt an duerno ënnen um Stamm ëmgeseet gouf. Mat engem Camion ass et weider gaangen a kuerz virun der Kierch sinn Problemer opgetaucht. D’Stroosse Grand-rue a rue de l’Eglise waren op den zwou Säiten zougeparkt an de Camion konnt hei nit duerchfueren. Et huet ee bësse gedauert bis verschidde Autoe geréckelt goufen an de Convoi konnt säin Ziel erreechen.

Op der Plaz gouf de Bamstamm sou beaarbecht, datt hien an dat Lach am Buedem passt. Eppes virun 10 Auer stoung de Chrëschtbeemchen an den nächste Méindeg kënnt nach d’Beliichtung drun.

Fir d’nächst Joer gëtt rëm ee Chrëschtbeemche gesicht an heimat gëtt een “Avis aux Amateurs” lancéiert. Wien also ee schéinen Dännebam “zevill” huet, dee ka sech op der Gemeng mellen.

D’Aktioun vun de Moien a Biller: