Gréisser Investissementer ginn 2017 realiséiert

Mat enger Gedenkminutt fir déi Verstuerwen huet gëschter Owend d’Generalversammlung vum Syndicat d’initiative et du tourisme Beaufort asbl (SITB) ugefaangen. 2016 wor ee gutt Joer esou d’Presidentin Françoise Bonert zum Ufank vun der Versammlung. Et gouf vill geplangt, Demanden erageschéckt an och Devisen ugefrot. Déi éischt Resultater wäert een dëst Joer gesinn. De Camping ass gutt gelaf a wéinst der schlechter Virsaison konnt d’Schwämm manner gutt Resultater virweisen.

An de leschte zwielef Méint goufe siwe Komiteesitzungen aberuff an de Comité restreint huet sech 30 Mol getraff. De SITB wor vertrueden:

– op de Generalversammlunge vun de Syndicats d’initiative, déi Member am ORT Région Müllerthal-Petite Suisse Luxembourgeoise sinn;
– op de Generalversammlunge vun de Beeforter Veräiner;
– op de Versammlunge vu Camprilux an hirer Generalversammlung;
– um Info-Forum „Tourismus für alle – Design for all“ op der Heringer Millen;
– um „Explore Luxembourg“ op der Plëss;
– um „Mullerthal Trail Season Opening“ zu Miedernach;
– um „Insider Luxembourg“, een Informatiounsvirmëtteg zu Clierf;
– op der Versammlung „Rent a Bike“ op der Heringer Millen;
– op der Aweiung „Motorikpark“ beim Camping Kengert;
– um Fachausfluch „Tourismus für alle“ an den Nationalpark Eifel, dee vum ORT organiséiert gouf;
– op der Aweiung vum Naturpark Mëllerdall;
– op der Virstellung vum neie Leaderprojet „Tourist Info 2.0“;
– op enger Aarbechtssitzung am Kader vum „Tourist Info 2.0“;
– um „ORT Season Closing“ zu Eechternoach.

Ronn 70 Leit hunn de 16. Abrëll 2016 am Kader vun der Grousser Botz Dreck agesammelt an de 14. a 15. Abrëll wor d’Superspillmobil vun der Superdreckskëscht beim Kiosk, wou et interessant Spiller ronderëm d’Ëmwelt gouf. De 7. Mee stoung de Blummemaart um Agenda an eng Woch méi spéit ass d’Schwämm opgaangen. Allerdéngs huet et bis den 23. Juni gedauert bis d’Wieder endlech gutt wor. Eng geféiert Fréijoerswanderung ass den 28. Mee duerch de Bësch gaangen an d’Erklärungen dozou huet de Fierschter Marc Hoffmann ginn. Am Kader vun hirer „25 Jahre Musik Tour 2016“ stoungen de 17. Juni d’Brings op der Äispist op der Bühn a fir dat Ganzt wor PaprikArt asbl zoustänneg. Déi Woch drop huet de Judoclub Beefort op der nämmlechter Plaz den „International Mullerthal Judo Summercup“ organiséiert. De Weekend vum 16. a 17. Juli stoung d’Schlassfest um Programm.

Während dem Juli an August gouf um Camping Plage fir Animatioun gesuergt. Zesumme mam ORT goufen 13 Animatioune mat 324 Participanten organiséiert. Bei de 64 Animatioune vum SITB si 752 Kanner an Erwuessener gezielt ginn. D’Indianerfest am Tipiduerf (Concert mat der Country Band „The Roadrunners“, Ponnyreiden a Kannerbastelateliers) den 21. Juli ass zum Deel an d’Waasser gefall. Zesumme mam Äishockeyclub gouf de 4. August e BBQ am Tipiduerf organiséiert an de 14. August wor déi sechst Editioun vum Summermaart, bei deem den Äishockeyclub, de Judoclub an d’Elterevereenegung matgehollef hunn.

Ënnert dem Motto „Discover the Castle of Beaufort“ goufe vum 1. Juli bis de 26. August freidesmoies Visites guidées an hollänescher Sprooch organiséiert. „Mullerthal Nature“ vum 20. Juli bis de 24. August huet et erlaabt d’Géigend an enger Päerdskutsch kennenzeléieren an dat wor eng Zesummenaarbecht mam ORT an ANF. Den 9. September gouf den Ofschloss vun der Saison vum SITB gefeiert.

D’Beeforter Pompjeeën, PaprikArt an de SITB hunn de 17. September op dat drëtt Oktoberfest op der Äispist invitéiert. Rockeg Téin huet een de 24. September op der nämlechter Plaz am Kader vu „Rock am Duerf“ héieren an dat vu „Rust & Dust”, „Staubkind”, „Luxuslärm” a „Purple Souls”. PaprikArt wor fir dëse Concert zoustänneg.

Den 2. Oktober stoung de klenge Kiermesmaart beim Kiosk um Programm, deen zesumme mam Fuesclub an der Elterevereenegung organiséiert gouf. Bei der Virstellung vun dëser Manifestatioun gouf dem John Stirn Merci gesot. Hien ass zoustänneg fir d’Organisatioun vun de sämtleche Mäert vum SITB. Déi geféiert Hierschtwanderung mam Marc Thiel vun der biologescher Statioun aus dem Naturpark Mëllerdall den 8. Oktober stoung ënnert dem Thema „Bongerten“.

Den 29. Oktober ass d’Äispist opgaangen a bei dëser Geleeënheet koum den traditionelle Kalenner eraus. Zesumme mat Asbl Konterbont konnten de 5. Januar dëst Joer 120 Flüchtlingen op der Äispist hir Suerge fir ee kuerze Moment vergiessen. Bei wierklech äiskaalen Temperaturen hunn den 21. Januar iwwer 100 Leit d’Ice-Skating-Show vu Metz bewonnert. Weider Aktivitéiten op der Äispist woren den Ice-Karting, d’Schlittschungcoursen an d‘Traininger an d’Mätscher vum Äishockeyclub.

Eng Rei Investissementer goufen am leschte Joer gemeet. Dozou zielen op der Äispist d’Konkretiséiere vum Avant-projet vum Réaménagement vun de Vestiairen, der Buvette an der Keess, nei Schlittschong, nei Rideauen an d’Plexiglas mat Bänken fir den Äishockeyclub, dat allerdéngs vun der Gemeng finanzéiert gouf. Et hofft een, datt ee sech fir de 50. Jubiläum vun der Äispist d’nächst Joer nei presentéiere kann.

An der Schwämm gouf eng Heizung an den technesche Raim ageriicht, neit Sécherheetsmaterial kaaft, den Daach an d’Fënstere vun der Buvette reparéiert an den Toboggan krut eng Generalrevisioun.

Um Camping sinn nei Dreckscontaineren installéiert ginn an zu de weidere Investissementer gehéieren de Kaf vun neie Pique-nique-Bänken an -Dëscher an och d’Beem um Parking bei der Schwämm goufe geschnidden.

A punkto Marketing wor ee mat engem Stand op der Foire Top Kids (5. a 6. November) vertrueden, Dépliants erausbruecht an eng Rei Annonce geschalt an och nei Roll-up a Calicot goufe kaaft.

Elo komme mer zu de Statistiken an a Klammere stinn all Kéiers d‘Zuele vun 2015. Um Camping goufe 5.089 Leit (4.963) gezielt. De „Rent a Bike“ ass mat 159 (190) manner gutt gelaf. Déi schlecht Virsaison an der Schwämm gesäit een och bei den Entréeën: 16.892 (19.053). Am Büro si 5.225 (5.094) Visiteure komm an d’Äispist kann ee Plus verzeechnen: 17.043 (16.706) bei de Leit a Kanner an 8.181 (7.031) bei Gruppen.

De Keesier Camille Hoffmann huet de Bilan virgestallt. Ouni elo an d’Detailer ze goen sinn hei déi verschidde Resultater: Piscine: – 4.170,55 Euro, Äispist: -2.221,63 Euro, Camping: 210.897,48 Euro, Administration générale: – 6.525,12 Euro. Total: ee Plus vun 197.980,18 Euro (59.898,76) . Am Numm vun de Keeserevisoren huet de Jemp Winandy d’Zuele bestätegt an d’Versammlung huet Entlaaschtung ginn.

Bei der Wiel vum Comité goufen déi austriedend a wielbar Memberen zeréckgewielt: Nancy Dupont-Courtois, Alphons Haaker a Camille Hofmann. De Comité setzt sech aus folgende Leit zesummen: Françoise Bonert (Präsidentin a Sekretärin), David Albert (Vizepräsident), Camille Hoffmann (Keessier), René Champagne, Nancy Dupont-Courtois, Alphons Haaker, Jacqueline Kuijpens- Fisch, Jean-Paul Post, Jos Scholtes, Emile Wies (Memberen) a John Stirn (Vertrieder vun der Gemeng).

Uganks der Versammlung gouf schonns gesot, datt vill geplangt gouf an d’Investissementer vun dësem Joer un realiséiert ginn. Hei ee klengen Iwwerbléck:

Administratioun: Vergréisserung vum Büro (Kooperatioun mam Projet Tourist Info 2.0), Informatik, Tëlëfon, WiFi.

Camping: nei Klassifizéierung, nei Barrière, Renovatioun an Neibau vum sanitäre Block, nei Material, Beem schneiden, Neiuplanzungen.

Äispist: Vestiairen, Buvette a Keess.

Schwämm: nei Clôture, Entkalkungsanlag.

Marketing: neien Internetsite mat enger neier Adresse, neien Depliant mat allgemengen Informatiounen iwwert d’Beeforter Gemeng, neien Depliant „Wandern in Beaufort“, nei Gadgete.

Am Laf vun der Generalversammlung goufe folgend Leit geéiert: Antoinette Freilinger fir hir Aarbecht beim Blummemaart a Pflanzaktiounen, de Jos Scholtes an Emile Wies fir 25 Joer beim SITB, de Manuel Teixeira deen no iwwer 30 Joer beim SITB an d’Pensioun gaangen ass an zum Schluss de Jemp Winandy fir seng 35 Joer Keesserevisor beim SITB.

Zum Schluss goufen nach d’Präisser vum Concours „Villages fleuris 2016“ iwwerreecht. Déi präméiert Haiser gesäit een an der Galerie um Enn vun der Säit.

Déi wichteg Terminer vun 2017:

01.04: Grouss Botz (RV um 9 Auer)
06.05: Blummemaart beim Kiosk
13.05: Geféiert Fréijoerswanderung
19.05: Grillparty um Camping
20.05: Ouverture vun der Piscine
16.06: Rock am Duerf mat Kasalla a Cat Ballou
23.-25.06: Agility Turnéier
24.06: International Mullerthal Summercup
Juli/August: Concerts an Animatiounen
27.07: Indianerfest am Tipiduerf
13.08: Summermaart beim Kiosk
16.09: Oktoberfest
01.10: Klenge Kiermesmaart
28.10: Ouverture vun der Äispist