D’Buerg huet gebrannt

Eng vun den eelste Lëtzebuerger Traditiounen ass d’Buergbrennen. Mam Verbrenne vun der Buerg gëtt de Wanter verjot an d’Fréijoer ugekënnegt. Den Datum vum Buergbrennen ännert all Joer esou wéi Ouschteren. Ouschtere fält all Kéiers op de Sonndeg nom éischte Fréijoersvollmound an dat ass fréistens den 22. Mäerz a spéitstens de 25. Abrëll. 40 Deeg virun Ouschteren fänkt op Äschermëttwoch d’Faaschtenzäit un a Buergsonndeg ass all Kéiers den éischte Sonndeg nom Äschermëttwoch oder Fuesweekend.

Haut wor d’Fréijoer zimlech wäit ewech. Zemools am Nomëttig hat et zolidd gereent an esou hat et ee bëssi méi laang gedauert bis d’Buerg endlech gebrannt huet. Och während dem Ofbrennen koum nach eng kleng Schauer an et huet nit allze laang gedauert bis d’Buerg dunn a sech agefall ass. Organiséiert gouf d’Buergbrenne vun de Beeforter Pompjeeën, der Elterevereenegung an de Scouten.

E puer Fotoe vum Buergbrennen 2017 an déi komplett Galerie fënnt een um Site vu jopix.eu