7:5 géint Kortrijk Spurs gewonn

Eng Woch nom fantasteschen 11:0 géint den Tabellenéischten stoung mat de Kortrijk Spurs den nächste Géigner zu Beefort um Äis. Den éischte Mätsch zu Kortrijk huet déi belsch Ekipp 4:2 gewonn.

D’Beaufort Knights mussen de Mätsch géint den Tabellendrëtten onbedéngt gewanne fir eng Chance op déi véiert Plaz ze kommen an domat an d’Play offs. Et war een intensive Mätsch an et bal 17 Minutte gedauert éier den éischte Goal gefall ass. Den 1:0 fir d’Heemekipp huet de Ben Houdremont op Penalty geschoss. D’Gäscht konnten allerdéngs nach virun der éischter Paus ausgläichen.

Spannend goung et am zweeten Drëttel weider. Soubal d’Knights an d’Féierung gaange sinn, konnten d’Spurs ausgläichen an zwar op 2:2, 3:3 a 4:4. De fënnefte Goal fir d’Lokalekipp ass an der 39. Minutt gefall a mat 5:4 goung et an déi zweet Paus.

Duerch ee Goal vum Mirko Mosr an der 46. Minutt waren d’Knights fir déi éischte Kéier zwee Goaler vir. Obwuel kuerz drop de 6:5 gefall ass huet de Mirko Mosr an der 57. Minutt den ale Virsprong hiergestallt an d’Resultat 7:5 ass bis zur Schlusssireene bliwwen.

No de Mätscher vum Weekend befanne sech d’Beaufort Knights op der sechster Plaz. Si hunn 22 Punkten an den nächste Géigner d’Chiefs Leuven hunn och 22 Punkten, allerdéngs mat enger besserer Goaldifferenz.

Default Gallery Type Template

This is the default gallery type template, located in:
/home/www/web3761/web3761u1/html/wp-content/plugins/nextgen-gallery/products/photocrati_nextgen/modules/nextgen_gallery_display/templates/index.php.

If you're seeing this, it's because the gallery type you selected has not provided a template of it's own.