Workshop mam chinesesche Starfotograf Sails Chong

D’Beeforter Schlass war an der Vergaangenheet méi wéi eng Kéier d’Kuliss fir Concerten, Filmer, Videodréi a Fotoshootingen. De leschte Samschdeg gouf et mam chinesesche Starfotograf Sails Chong aus Shanghai eng Première hei an Europa. Fir déi éischte Kéier huet hien ee Workshop ausserhalb vun Asien organiséiert an dat an Zesummenaarbecht mam Fotograf Awamu Moja vu Kielen, wou och ee grousse Fotostudio ass.

15 Leit aus aacht Länner hunn un dësem Workshop deelgeholl, dee vu freides bis sonndes gaangen ass. Zwee vun hinne waren aus Mexiko an een aus Indien zum Beispill. Een däitsche Fotograf koum extra aus Berlin fir dëse Workshop. Den éischten Dag loung de Schwéierpunkt op der Theorie, den zweeten Dag war et de prakteschen Deel an zum Schluss stoung d’Bildbeaarbechtung um Programm. De komplette Workshop vun dräi Deeg huet 2.000 Euro kascht.

De Sails Chong ass dernieft och nach Ambassadeur fir d’Marken Hasselblad a Broncolor. Hasselblad gehéiert zu den Topmarken an der Fotowelt an hiren neiste Modell mat der Bezeechnung H6D-400c MS mat enger Opléisung vu 400 Megapixel kascht aktuell 47.999 Euro. Broncolor produzéiert Studioblëtzer mat Accessoiren an ewéi Hasselblad gehéiere si zu der Spëtzt op hirem Gebitt.

Default Gallery Type Template

This is the default gallery type template, located in:
/home/www/web3761/web3761u1/html/wp-content/plugins/nextgen-gallery/products/photocrati_nextgen/modules/nextgen_gallery_display/templates/index.php.

If you're seeing this, it's because the gallery type you selected has not provided a template of it's own.