Eng Zäitreess an d’1970er

No 2012 ware se rëm zu Beefort: “Letz Zep”. D’Grupp ëm de Sänger Billy Kulke gëtt als déi beschte Led-Zeppelin-Tribute-Show gehandelt an an hirem Repertoire ass de komplette Katalog vu “Led Zeppelin”. Sou kënnt et och, datt se regelméisseg hir Setlist änneren an dat mecht all Concert zu engem besonneschen Erliefnes. “I walked in, I saw me” sot keen aneren ewéi de Robert Plant héchstperséinlech no engem Concert vu “Letz Zep”.

“Letz Zep” gehéiert zu de Raritéiten am heitege Showbusiness. Si hu sech net huele gelooss fir beim Virprogramm vum Frano selwer am Publikum ze sinn an nom Concert hu se sech guer net am Backstage verstoppt. Am Géigendeel. Méi wéi ee Patt hu se zesumme mat hire Fans geholl, Fotoe gemeet an Autogramme geschriwwen.

Default Gallery Type Template

This is the default gallery type template, located in:
/home/www/web3761/web3761u1/html/wp-content/plugins/nextgen-gallery/products/photocrati_nextgen/modules/nextgen_gallery_display/templates/index.php.

If you're seeing this, it's because the gallery type you selected has not provided a template of it's own.