Queen Rhapsody with Natalia Posnova

Nom Manfred Mann mat senger Earth Band e Sonndeg an dem Kiefer Sutherland virgëschter Owend stoung gëschter Owend Natalia Posnova am Mëttelpunkt vun der éischter Editioun vun de “Rock’n’Classics” am Bannenhaff vum Renaissance-Schlass zu Beefort. Nathalia Posnova wor schonns 2013 hei zu Beefort an deemols ass hat mat den Dresdner Salondamen am Bannenhaff opgetrueden.

An de leschte sechs Joer huet sech vill geännert. Natalia Posnova ass déi eenzeg Pianistin, déi Lidder vu “Queen” klassesch interpréieren däerf. De Mentor vum Natalia Posnova ass keen aneren ewéi de legendäre Queen-Gitarrist Brian May. Gëschter Owend stoung zäitwäileg och de Peter Freestone op der Bühn, dee perséinlechen Assistent vum Freddi Mercury.

Op jidde Fall war rëm et ee gelongenen Owend an am Virprogramm ass ewéi gewinnt de Frano opgetrueden. Iwwregens koum haut am Laf vum Dag d’Nouvelle, datt de Kiefer Sutherland beim Erausklammen aus dem Bus erausgerutscht ass, an dowéinst déi nächst dräi Concerten an Dänemark muss ofsoen.