Ronn 3.000 Leit bei de MagiCastle Nights

Um Ouschterweekend hunn d’Beeforter Schlassfrënn zesumme mat den Duerfveräiner d’MagiCastle Nights organiséiert. Eng 3.000 Leit hunn de Wee op Beefort an déi meescht vun hinne koumen e Samschdegowend. Op Ouschtersonnde ware leider net grad souvill Visiteure kucke komm. Dat schlecht Wieder am Laf vum Nomëtteg huet eng Rëtsch Leit dovun ofgehale fir op Beefort ze kommen. Esou waren dann dëst Joer grad esouvill Leit dogewiescht ewéi bei der Première vun de MagiCastle Night d’lescht Joer.

Den éischte Kënschtler op der Bühn war de jonke Chris Reitz, deen als “All Reitz Reserved” mat senger elektrescher Violine optrëtt. An der éischter Paus gouf de Videoclip “None of the Above” vu Papa Roach virgedroen, deen d’lescht Joer am Oktober um Schlass gedréint gouf a virun e puer Deeg offiziell virgestallt gouf. Apokalyptesch ass et mam Steve Kaspar a senger Partnerin Natasa Grujovic weidergaangen an ofgeschloss huet den André Mergenthaler mat sengem Cello.

De Paul Schumacher alias “Melting Pol” an d’Sandy Flinto ware fir de Videomapping zoustänneg a si hunn och déi ganz Animatiounen op d’Schlassmauere projezéiert.

D’MagiCastle Nights hunn och hire Wee an d’national Press fonnt an hei dann déi verschidde Links zu den Ukënnegungen a Beiträg vum Ouschterweekend zu Beefort:
09.03: „MagiCastle Nights“ zum Saisonauftakt (Lëtzebuerger Journal)
30.03: Spectaculaire château (Paperjam)
01.04: Grouss Liichtshow, déi op d’Musek ofgestëmmt war (RTL)
01.04: Le château de Beaufort a brillé de mille feux (L’essentiel (fr))
01.04: Spektakuläre Lichtershow auf der Burg Beaufort (L’essentiel (de))
01.04: En images : nuits magiques au château de Beaufort (Le Quotidien)
01.04: Tolles Lichterspektakel in Beaufort (Antenne Luxemburg)
02.04: Fotogalerie (RTL)
03.04: Rund 3.000 Besucher zum Saisonauftakt in Befort (Tageblatt)