Ofschlossfest vum Serge Tonnar a Legotrip am Fly

De Serge Tonnar a Legotrip sinn nach net al genuch fir an d’Pensioun, awer grad al genuch fir e “congé sans solde” vu Januar bis September 2018. Zesumme mam Label a Kënschtlerkollektiv Maskénada hu si de leschte Samschdeg op e grousst Ofschlossfest an de Flying Dutchman op Beefort agelueden. Ënnerstëtzung krute si vun de jonke Museker vu Räpzodi, déi mat hirem Akustik-Rap op Lëtzebuergesch e ganz eemolegen Zodi maachen.