Ee fairen a respektvolle Mätsch mat 15 Goler

Als Tabellenéischten (an zwee Mätscher 18 Goler geschoss a kee geschoss kritt!) sinn de leschte Samsdeg d’Cold Play Sharks vu Mechelen op Beefort komm an nom gewonnen Optaktmätsch vum IHCB wor een op den éischten Heemoptrëtt an der belscher Division 1 gespaant. Et huet keng zwou Minutte gedauert a schonn huet et gerabbelt. Nit bei de Beeforter mais bei de Belsch vu Mechelen: No enger Virlag vum Marek Holy huet de François Schons den éischte Gol geschoss. D’Freed wor allerdéngs vu ganz kuerzer Dauer. Mol keng Minutt méi spéit huet de Jesse Raekelboom den Ausgläich markéiert an et ass monter viru gaangen. No zéng Minutten a fënnef Sekonnen huet de François Schons den IHCB a Féierung bruecht a mat 2:1 goung et an d’Paus.

Dat zweet Drëttel wor ganz batter fir déi Beeforter. Individuell Klass vun de Belsch huet den Ënnerscheed gemeet. All Feeler huet Gefor virum Beeforter Gol matbruecht an dat Drëttel goung mat 0:4 und déi Belsch. Am Ganzen stoung ët 2:5.

Mat Entschlossenheet huet d’Heemekipp dat lescht Drëttel an Ugrëff geholl an et koum ganz batter. No 14 Sekonnen huet den Olivier Bouchard op 2:6 erhéicht. Trotz dësem Schlag hunn déi Beeforter nit opginn a probéiert dat Bescht ze ginn an dat ass och hinne gelongen. Allerdéngs huet et nit zu enger Victoire gefouert mais trotzdem konnt ee mam Tabellenéischte mathalen. Dat lescht Drëttel goung 4:4 aus a Beefort huet de Mätsch 6:9 verluer.

Op jidder Fall konnt ee ganz zefridde si mam Mätsch. Bei de Belsch huet d’individuell Klass vum Jesse Raekelboom (Nummer 41) an den Olivier Bouchard (Nummer 6) ëmmer erëm fir Gefor virum Beeforter Gol gesuergt. Nit ze vergiessen dierft een de Golkeeper Seppe Stroobants, deen zumols am leschten Drëttel mat enger Rëtsch Glanzparaden d’Féierung vun de Cold Play Sharks iwwer d’Zäit bruecht huet. Zum Schluss muss een nach erfirhiewen, datt et wéi am éischte Mätsch zu Herentals ee ganz fairen a respektvolle Mätsch wor. Ee ganz groussen Ennerscheed zu der Rheinland-Pfalz-Liga wou een do vill méi Kierperbetount an aggressiv spillt. Den nächste Mätsch ass elo dëse Samsdeg um 20 Auer, erëm zu Beefort an zwar géint Haskey Hasselt, déi géint Tournhout Tigers mat 6:3 hiren éischte Mätsch gewonne hunn.

Weider Informatiounen zum Mätsch ginn et um Site vun der belscher Federatioun an elo puer Fotoe vum Mätsch (wéinst dem opkommenden Niwwel, deen een uewe vun den Tribünen nit direkt gemierkt huet, nëmmen bis zur Mëtt vum zweeten Drëttel).