Christmas-Tour duerch Beefort

Bei der drëtter Editioun vum Christmas-Tour vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbauere waren haut Méindeg feierlech dekoréiert Trakteren am Land ënnerwee. D’Gefierer hu sech op siwe Cortègen, vun der Nordspëtzt bis erof op Péiteng, opgedeelt an ee Christmas-Tour ass duerch Beefort gaangen. Zimmlech vill Leit hu sech am fréien Owend am Zentrum vum Duerf afonnt, fir de Cortège vun der Landjugend Maacher ze verfollegen. Déi koum nämlech vu Berduerf op Beefort an ass op Haler weider gaangen.