“Hamlet” by William Shakespeare

Beeforter Schlass läit tëschen dem Château de Prangins (um Genfer Séi bei Nyon an der Schwäiz) an dem Schlass Bückeburg net wäit ewech vu Minden un der Grenz tëschen Nordrhein-Westfalen an Niedersachsen. Dëst Rechnung trëfft fir d’Acteure vum “The American Drama Group Europe”, déi de leschte Méindeg d’Stéck “Hamlet” vum William Shakespeare am Haff vum Renaissance-Schlass opgefouert hunn.

De leschten Hierscht ass den “The American Drama Group Europe” op der nämlechter Plaz opgetrueden (“Othello, the Moor of Venice” och vum William Shakespeare) an am Géigesaz zu deemools huet dës Kéier d’Wieder matgespillt. Huet et dunn zum gréissten Deel riichtera gereent konnten d’Zuschauer vun héichsummerlechen Temperature profitéieren.

Am Mëttelpunkt vun der am Joer 1602 uropgefouerter Tragedie “Hamlet” steet de jonke Prënz vun Dänemark, deen opgeruff ass de Mord u sengem Papp ze rächen. D’Geschicht staamt aus dem fréiere Mëttelalter an d’Drama selwer spillt sech um Schlass Helsingör nërdlech vun der dänescher Haaptstad Kopenhagen. Mat der Hëllef vun Intrigen versicht Claudius, de Mäerder an zu Onrecht de Nofolger vum Hamlet sengem Papp, den Troun a seng Éier ze retten. Emsoss, well hie stierft duerch dem Hamlet seng Hand und zum Schluss vun den Intrigen a Kämpf ass dat komplett dänescht Herrschergeschlecht ausgeläscht an Dänemark fält un de Kinnik vun Norwegen.

“To be, or not to be, that is the question” gehéiert wuel zu de bekanntesten Zitater a genau dat Zitat fält an der éischter Zeen vum drëtten Akt. Iwwer 150 Leit hunn deen Owend dat Zitat héieren an eng Rei Leit hu sech nom “Othello” och den “Hamelt” an englescher Sprooch ugekuckt.

Wéinst den aktuelle Bestëmmunge konnt kee Gedrénks verkaaft gi mee wéinst den Temperature krut all Zuschauer an der Entrée eng Fläsch Waasser offréiert.