Mam héijen Tempo laanscht d’Schlass

No 2019 ass gëschter den “Tour de Luxembourg” duerch Beefort gefuer. D’éischt Etappe vun 133,5 Kilometer mat Start an Ziel an der Stad goung duerch den Oste vum Land. Vum Grondhaff aus koumen d’Cyclisten op Beefort a laanscht d’Schlass si se weider op Haler gefuer. Virun zwee Joer hätte se solle bei der Schlussetappe laanscht d’Schlass op Haler fueren mee eng Woch virdrun hunn d’Onwiederen d’Bréck tësche Beefort an Haler zerstéiert.

Op der éischter Etappe stoungen dräi Biergwäertungen: zwou vun der Kategorie zwee an eng Kategorie eent. D’Biergwäertung vun der éischter Kategorie war kuerz viru Beefort hannert an der schaarfer Rietskéier wann een aus dem Bësch erauskënnt. Nët wéineg Leit hu sech an der Géigend vum Parking Kippiglay a weider erop afonnt fir dem “Biergspektakel” nozekucken. Dës Biergwäertung huet den Axel Zingle gewonnen an e puer Minutte spéider hat hien ee besonnesche Schreckmoment. De Spëtzegrupp mat fënnef Coureuren (Axel Zingle, Franck Bonnamour, Tony Gallopin, Sergio Roman Martin Galan a Lukas Meiler) hat zu Beefort eng zwou Minutte Virsprong op de Peloton. An enger Lenkskéier vu Beefort op Haler huet hien ze haart gebremst, d’hënnescht Rad blockéiert an ass iwwer d’Leitplanken an d’Hecke geflunn. Hien huet sech zwar net blesséiert mee gouf vum Peloton ageholl. D’Cyclisten haten an der Descente laanscht d’Schlass een enormen Tempo drop a laanscht d’Strooss konnt ee ganz gutt de Wand vun de Vëlosfuerer spieren.

Déi éischt Etappe gouf am Sprint vum Italiener Diego Ulissi gewonnen. Als beschte Lëtzebuerger koum den Ivan Centrone op déi 26. Plaz.