Ee naasst Paradäis fir d’Hënn

Sonn, bloen Himmel an Temperaturen ëm 30 Grad. Nët nëmme fir d’Leit sinn dëst ideal Bedéngunge fir an d’Schwämm ze goen mee och fir d’Muppen. Um leschten Dag vun der dësjäereger Saison vun der Beeforter Schwämm stounge si am Mëttelpunkt. D’Schwämm huet nämlech hinne gehéiert an zesumme mat hirer Meeschtesch oder hirem Meeschter konnte se ongezwongen am Waasser schwammen.

De Beeforter Syndicat d’initiative et du tourisme huet den éischte Muppeschwammdag organiséiert a gläichzäiteg war et Première an enger oppener Piscine hei am Land. Wéinst der Mesuren huet een dräi Zäitfënstere vu jeeweils 150 Minutten ageriicht a pro Sessioun konnten héchstens 180 Leit mat hiren Hënn an d’Schwämm kommen. Tëschen de verschidde Sessioune goufen d’sanitär Anlage gebotzt. Mat 540 Leit war de Maximum vum Dag séier erreecht a wann een de Kommentaren an de soziale Medien a verschidde lëtzebuerger Medien gleewen däerf, da si vill Leit aus dem Minette op Beefort komm. D’Nofro war immens grouss an et hätt ee kéinten ouni Problemer een zweeten oder drëtten

D’Iddi vum Muppeschwammdag koum vum Schwammmeeschter Frank Heid, dee selwer een Hond huet, an an Däitschland gi regelméisseg sou ähnlech Manifestatiounen organiséiert. De leschten Dag an der Schwämm gouf de Chlorgehalt am Waasser fir d’Muppen ofgesenkt well de Chlor ka bei den Hënn zu Hautreizungen a Mo- an Daarm-Problemer féiere wa se dat Waasser drénken.

Des Weidere goufen eng Rëtsch Stänn wou sech alles rondrëm d’Muppe gedréint huet.