Weider steigend Visiteurszuelen

Déi fir de 17. Mäerz geplangte Generalversammlung vun de “Les Amis des Châteaux de Beaufort” gouf de leschte Freideg an der Jugendherberge nogeholl. An der Saison tëschen der Ouverture vun de Schlässer den 30. Mäerz an dem Ofschloss den 3. November stécht déi éischt Ausgab vun de “Rock’n’Classics” ervir. An Zesummenaarbecht mat Kultopolis sinn eng Rei Kënschtler am Bannenhaff vum Renaissance-Schlass tëschen dem 11. an dem 18. August opgetrueden: Manfred Mann’s Earth Band, Kiefer Sutherland, “Queen Rhapsody” mam Natalia Posnova a Special guest Peter Freestone, “Tour de Tango” mam Gustavo Beytelmann a Stella Grigorian, “Letz Zep”, Frano an zum Ofschloss “Clair de Lune” mam Natalie Dessay, Stella Grigorian a Shani Diluka an der Beeforter Kierch.

Des Weidere hunn de russesch-lëtzebuergesche Festival a Workshops mam Starfotograf “Sails Chong” an “Zolaq” (Olaf Schieche) stattfonnt an Enn September gouf de Film “Io Sto Bene” gedréint.

Realiséiert goufen zudeem ee Pressedossier, Plakater a Flyere fir d’”Rock’n’Classics”, Annoncen, Deplianten a Fichen a verschiddene Sproochen, Presentoiren a Visitëkaarten.

Hautesdaags kënnt ee laanscht eng Präsenz an de soziale Medie nët méi laanscht. Op Instagram huet een 1.115 an op Facebook 5.539 Follower. D’Zuel vun de Visiteuren ass weiderhin am Opschwong an am Verglach mam Joer virdru goung d’Zuel ëm 6,18 Prozent erop op 37.202. Zanter 2013 geet d’Zuel konstant erop an deemools goufen 26.350 Visiteure gezielt. Allerdéngs ass ee wäit ewech vun de Zuelen aus den 1980er an ufanks den 1990er Joren. Deemools sinn iwwer 80.000 Leit d’Beeforter Schlass besiche komm.

De finanziellen Deel am Réckbléck (Recetten/Dépensen an Euro): Administration générale 150.498 / 136.571,92; Exploitation des châteaux 189.955,31 / 204.965,63; Exploitation buvette – magasin 91.156,20 / 58.002,98; Autres charges d’exploitation 0 / 166. De Gesamttotal vun de Recette beleeft sech op 431.609,51 Euro an dee vun den Dépensen op 399.706,53 Euro. Ënnert dem Stréch mécht dat ee Bénéfice fir d’Joer 2019 vun 31.902,98 Euro.

Wéinst der sanitärer Kris ass d’Ouverture vun de Schlässer vill méi spéit erfollegt an eng Rei Manifestatiounen hu missten ofgesot ginn. Dozou zielen d’”Rock’n’Classics” an Zësummenaarbecht mat Kultopolis an am Mee hätte sollen optrieden d’Suzanne Vega, Procol Harum, Van der Graaf Generator, Suzi Quatro, “The Hollies” an zum Ofschloss eng “Rock History” mat ënner anerem “Ten years after”, “Atomic Rooster”. Uganks Juni war “Othello” vum Shakespeare op englesch virgesinn an dat a Collaboratioun mat “TNT Britain & ADG Europe”. Je no Situatioun kéint eventuell dësen Open-Air-Theater den 29. September iwwert d’Bühn goen. Ausgefall ass och de russesch-lëtzebuergesche Festival an Zesummenaarbecht mam “Centre culturel et scientifique de Russie et la communauté russe au Luxembourg” an ënnert dem héije Patronage vun der Ambassade vun der Russescher Federatioun.

Am Moment versicht een d’Saison sou gutt wéi méiglech iwwert d’Bühn ze kréien an nieft neie Souvenirsartikelen a Gadgeten hunn d’Schlassfrënn Pagoden (Zelter) an de Faarwe giel a rout mat enger grousser Foto vum Schlass zougeluecht. Domat well een no baussen hi besser erkenntlech sinn.

Zum Schluss ass de Patrick Sanavia, Vertrieder vum Kulturministère, op déi aktuell a geplangten Aarbechten agaangen. Aktuell gëtt um Dach vum Renaissance-Schlass geschafft, dee komplett frësch gemeet gouf mat neien Dachzillen a grad esou wéi den Ënnerbau. D’Gespär gouf punktuell verbessert an de Blëtzschutz erneiert. Enn September soll d’Stee ewechgeholl ginn.

D’Aarbechte vun der neier Heizung fänken no der Saison am November definitiv un. Bei der Ausféierung gëtt de Bannenhaff opgerappt a fir de Visiteuren ee Chantier ze erspueren ass décidéiert ginn, méi spéit unzefänken. No den Aarbechte gëtt den Haff ästhetesch opgebessert an de Goudron wäert verschwannen. Sollt d’Heizung net méi funktionéiere steet eng Noutléisung parat.

Dat woren déi konkret Projeten fir den Deel vum Renaissance-Schlass a bei der Ruine gëtt weiderhi regelméisseg kontrolléiert an och verbessert. Am Hierscht kuckt d’Regierung wéi d’sanitär Kris de Budget beaflosst a wéi eng Projeten an Zukunft kënne realiséiert ginn. Op d’Toiletten ugesprach sot de Patrick Sanavia, datt ee sech mam ursprénglechen Plang net eens wier an, datt dem Comité bis spéitstens Enn des Joer déi nei an definitiv Pläng géif presentéieren. Déi wäerten dann d’nächst Joer ëmgesat ginn.

De Verwaltungsrot setzt sech zesummen aus: Anne-Marie Linckels-Volmer (Éierepresidentin), Christiane Steinmetzer (Presidentin), Guy Hanff (Vizepresident), Georges Rischette (Sekretär), René Champagne (Keessier an Delegéierte vum Syndicat d’initiative et du tourisme), Danièle Kohn-Stoffels, Patrick Sanavia a Magalie Tasch (Vertrieder vum Kulturministère) a Lily Scholtes a Jean-Luc Nosbusch (Delegéierte vun der Gemeng). Keesserevisore sinn d’Antoinette Fisch an de Jean-Pierre Winandy.