Buergbrennen

Op ville Plaze gouf d’Buergbrennen wéinst dem ugekënnegte Stuerm ofgesot a verluecht. Zu Beefort war dat awer net de Fall. D’Amicale vun de Pompjeeën huet sech daper de Wiederkonditioune gestallt an huet ewéi an de leschte Joren erëm eng flott Buerg opgeriicht. Eigentlech war d’Ufänke vun der Buerg fir 19 Auer virgesinn an dat hätt sech mam Ufank vum Äishockeymätsch vun de Beaufort Knights géint Chiefs Leuven um 19.30 Auer iwwerschnidden. Aus dem Gronn gouf d’Buerg um 18.18 Auer ugefaangen.

Mam Buergbrenne soll eigentlech de Wanter verdriwwe ginn. Kuerz op 18 Auer huet hie sech awer nach eng Kéier séier mat staarkem Wand, vill Reen a Knëppelsteng gemellt. Um 18.18 Auer war et schliisslech souwäit an d’Buerg gouf ugefaangen. D’Leit konnte bewonneren ewéi d’Feier vun der Buerg ëmmer méi grouss ginn ass an zum Schluss huet et d’Buerg geschléckt.

No enger Stäerkung, déi vun der Elterevereenegung zoubereet gouf, sinn déi meescht Leit erof op d’Äispist gaangen an hei konnte se zum Schluss no engem spannende Mätsch eng séiss 6:4-Victoire géint de Géigner aus der Belsch feieren.

Default Gallery Type Template

This is the default gallery type template, located in:
/home/www/web3761/web3761u1/html/wp-content/plugins/nextgen-gallery/products/photocrati_nextgen/modules/nextgen_gallery_display/templates/index.php.

If you're seeing this, it's because the gallery type you selected has not provided a template of it's own.