11:0 géint den Tabellenéischten

Mat Olympia Heist koum de leschte Samschdeg den Tabellenéischten op Beefort. Ganzer 99 Goaler sti bei hinnen um Kont a véier dovunner goufen am éischte Mätsch Ufank Dezember géint Beaufort Knights bei hirer 4:3-Victoire an der Verlängerung geschoss. No de 60 Minutten hate se nach ëmmer 99 Goaler stoen an op där anerer Säit sinn eelef Géigegoaler dobäikomm. Beaufort Knights hunn nämlech 11:0 gewonn.

Eng staark an disziplinéiert Mannschaftsleeschtung huet zu dësem Resultat gefouert. D’Gäscht aus Belsch waren de komplette Géigendeel an zum Schluss hate se 91 Strofminutten ze verzeechnen. Nëmme siwe Sekonnen nom 1:0 an der eelefter Minutt ass den 2:0 gefall an dat wor de Grondsteen fir de Gewënn.

Aktuell leien d’Beaufort Knights op Plaz siwen an der Tabell an déi véiert Plaz, déi de Playoff erméiglecht, ass nach ze packen. Ee Fauxpas ewéi de leschte Samschdeg géint Charleroi dierfe sech d’Knights an den nächste Mätscher allerdéngs nët méi erlaben.

Default Gallery Type Template

This is the default gallery type template, located in:
/home/www/web3761/web3761u1/html/wp-content/plugins/nextgen-gallery/products/photocrati_nextgen/modules/nextgen_gallery_display/templates/index.php.

If you're seeing this, it's because the gallery type you selected has not provided a template of it's own.