Ee grandiosen Ofschloss

E Sonndeg am Nomëtteg gouf déi éischt Editioun vun de “Rock’n’Classics” ofgeschloss. An der Kierch hunn d’Natalie Dessay, Stella Grigorian a Shani Diluka de Programm “Clair de Lune” virgedroen.

Eigentlech sollt dëse Concert den Optakt vum Museksfestival sinn mais wéinst engem Engagement vum Natalie Dessay um Broadway gouf de Concert ëm eng Woch verluecht. Déi Leit, déi do waren an et waren der net wéineg, ware méi wéi begeeschtert iwwert déi fantastesch Leeschtung vun den zwou Ausnahmesängerinnen an der Pianistin. Den éischten Deel huet sech aus russeschen an am zweeten Deel aus franséische Lidder bestanen.

Natalie Dessay a Stella Grigorian hu mat hire Stëmmen d’Beeforter Kierch an ee musikalescht Paradies verwandelt, dat sengesgläiche sicht. Op jidder Fall war deen zu Beefort gebuedene Programm der Philharmonie um Kierchbierg méi wéi würdeg. Méi nach. Et war ee Concert vu weltformat. Déi zwou Sängerinnen hunn dat akustescht Potenzial vun der Kierch komplett ausgenotzt a bewisen, datt sech d’Kierch fir weider sou Concerte méi wéi eegent.

Default Gallery Type Template

This is the default gallery type template, located in:
/home/www/web3761/web3761u1/html/wp-content/plugins/nextgen-gallery/products/photocrati_nextgen/modules/nextgen_gallery_display/templates/index.php.

If you're seeing this, it's because the gallery type you selected has not provided a template of it's own.