Aweiung vum Pompjeesbau als Héichpunkt

24 Fraen a Männer zielen zum Beeforter Pompjeescorps, deen am neie Centre d’incendie et de secours seng Generalversammlung ofgehalen huet. D’Aweiung vum neie Pompjeesbau den 28. Juni gehéiert och zu den Héichpunkte vum leschten Joer. Et war ee Joer mat groussen Ännerungen. Zanter dem 1. Juli ënnerstinn d’Pompjeeën dem CGDIS (Corps grand-ducal d’incendie et de secours) an aus dem Gronn gouf de Réckbléck op déi éischt sechs Méint gemeet.

Am Tätegkeetsbericht si véier Versammlunge mat de Memberen, véier Comitéssëtzungen, zéng Übungen an eng Formatioun am Ragtal mat aacht Pompjeeë vermierkt. Dozou kommen nach 13 Manifestatiounen am ganze Joer bäi. D’Pompjeeë goufen op 51 technesch a Sauvetage-Asätz geruff. 40 Asätz ginn op Stuermschied an Iwwerschwemmungen zréck a sechs Mol goufen Harespelsnäschter ewechgemaach. Vun de 24 Leit am Pompjeescorps hunn der siwen d’Ausbildung vum First Responder. Si goufen zu 32 Asätz geruff an ëm hir Ënnerstëtzung gouf 37 Mol (31 Ambulanz a sechs Samu respektiv Helikopter). Donieft sinn nach zwee Brandasätz ze vermellen.

Zu de weidere Manifestatiounen gehéieren d’Asammele vu Chrëschtbeemercher, Buergbrennen, Après-Ski-Party um Kiosk, eng Vakanz, Cortège bei der Kommunioun, Meekranz bannen, Feierlechkeeten zum Nationalfeierdag, Aweiung vum Pompjeesbau an eng Porte ouverte, Camp vun de Jugendpompjeeën, den nationale Gedenkdag an ee Familljenowend.

Zu der Ekipp vun de Jugendpompjeeën zielen 28 Jugendlecher a siwe Jugendleeder an Helfer. Si konnten 2018 am Ganzen 13 Übungen an 20 Aktivitéiten opweisen. Nieft eng Rei Aktivitéiten zesumme mat de grousse Pompjeeë kommen hei nach ënner anerem eng gemeinsam Übung mat Reisduerf an de Wëssenstest bäi. Héichpunkt war vum 15. bis den 21. Juli de Jugendcamp hei zu Beefort. 87 Kanner a 27 Moniteure aus der Regioun Osten hu sech dru bedeelegt. D’Virbereedungen hunn ongeféier ee Joer gedauert an eng 40 Leit an der Helfer- a Kichenekipp waren all Dag vu moies 5.30 bis 23 Auer am Asaz. All Dag stoungen Aktivitéiten zu a rondrëm Beefort um Programm an dat exzellent Wieder huet säin Deel zu der gudder Stëmmung bäigedroen.

Op den 31. Dezember setzt sech de Comité zesummen aus de folgende Pompjeeën: Chef de corps Alex Pereira, Chef de corps adjoint Andy Wagner, Chef de Section Guy Tholl a Joé Georg, Caissier Joé Georg, Sekretärin Tanja Weis, Chef “Section jeunes” Etienne Vrolijk, Memberen Dominique Bollinger a Christian Kröger.