IHCB verléiert den éischte Mätsch

Am aachte Mätsch ass et geschitt. Den IHCB verléiert säin éischte Mätsch vun der Saison an dat mat 2:4 géint Hyc Toekomst Herentals zu Beefort. Et war ee ganz interessanten, séieren a spannende Mätsch, deen eréischt an der Schlussphase entscheed gouf.

Den éischte Goal vum Owend ass am zweeten Drëttel gefall. An der 34. Minutt huet den Nicolas Mossong d’Heemequipe a Féierung bruecht. D’Féierung huet allerdéngs nëmme fënnef Minutte gehal. An der 50. Minutt am leschten Drëttel hunn d’Gäscht aus der Belsch op 1:2 erhéicht a gutt dräi Minutte méi spéit souguer op den 1:3. An der leschter Minutt vum Mätsch konnte de Benny Welter nach op 2:3 verkierzen a praktesch mat der Schlusssirene ass no engem Konter de 2:4 gefall.

Den IHCB huet genau wéi Hyc Toekomst Herentals 21 Punkten an dat mat zwee Mätscher manner an huet elo déi zweet Plaz an der Tabell. E Samschdeg, den 30. Dezember, ass dann um 20 Auer de leschte Mätsch vun dësem Kalennerjoer. Op Beefort komme Cold Play Mechelen, déi a fënnef Mätscher schonns 90 Goaler geschoss hunn.