Erënnerung un de 16. Dezember 1944

Fir déi 24. Kéier huet de leschte Samsdeg de “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” (CAGGD) den Trip-Souvenir “Night Vigil”  um Emplacement vun der Cie C/60 AIB Schéidbierg zu Beefort organiséiert. Erënnert gouf un d’Rundstedoffensive virun 73 Joer, de 16. Dezember 1944.

De Rendezvous war moies um 9 Auer bei der Kierch zu Beefort. No enger kuerzer Usprooch vum Buergermeeschter Camille Hoffmann goufe Blummen bei der Tafel vun der G.I. un der Kierchemauer vun enger Delegatioun vum CAGGD néiergeluecht an den Edmond Faber huet “The Last Post – The Star Spangled Banner” an d’Heemecht gespillt. Déi nächst Blumme goufen um Monument aux Morts néiergeluecht an dës Kéier huet den Edmond Faber d’Sonnerie aux Morts a “Stille Nacht” gespillt. Uschléissend ass eng Mass vum Aumônier Lieutenant Colonel Nicolas Werner zelebréiert ginn a gesanglech encadréiert gouf se duerch d’Chorale Sainte Cécile Beefort a Chorale „Sang mat“ Waldbëlleg-Haler an der Chorale Ste-Cécile vu Lalleng.

No der Mass huet d’Gemeng den Éierewäin offréiert an hei hunn de President vun der CAGGD, de Marcel Kayser, an de Paul W. Hendricks, Regional Security Officer vun der amerikanescher Ambassade hei zu Lëtzebuerg, un de schwéier Zäit erënnert an de Befreier Merci gesot, datt mer haut a Fridden hei zu Lëtzebuerg liewe kënnen.

Weider Blumme goufen nach bei der Kräizer vun de GI bei der fréierer Jugendherberge a bei der Stèle vum T/Sgt Bob Hebert um Schéidbierg geluecht. Ofgeschloss gouf mat engem Mëttegiessen an der Maison Theis.