Drëtte Mätsch, drëtt Victoire

Et war een intensiven a spannende Mätsch tëschen dem IHCB an de Chiefs Leuven beim zweeten Heemmätsch vun der Saison. 4:1 stoung et zum Schluss op der Tafel an datt déi dräi Punkten zu Beefort konnte bleiwe ginn et zwou Erklärungen: De Mann vum Match war de Beeforter Goalie Michel Welter, deen duerch eng staark Eenzeleeschtung géint déi offensiv beschtens agestallten Equipe vu Louvain am Match gehalen huet, an déi 91 Sekonnen zum Schluss vum éischten Drëttel an deem dräi Goaler gefall sinn.

Virum 1:0 huet sech d’Spill an der Beeforter Halschent konzentréiert an ee Goal vun de Gäscht gouf wéinst engem Foulspill nit unerkannt. An der Minutt 18:12 ass den éischte Goal vum Owend gefall (Mirko Mosr, Assist Benny Welter a Joel Holtzem), 44 Sekonne méi spéit (18:56) dunn den 2:0 (Claude Mossong op Assist vum Nicolas Mossong) an nach eng Kéier 47 Sekonne méi spéit (19:43) schliisslech den 3:0 duerch de Benny Welter op Virlag vum Mirko Mosr. Verwonnerung war grouss an dat bei Jidderengem.

Wéi am éischten Drëttel huet sech am zweeten Drëttel d’Spill an der Beeforter Ofwier ofgewéckelt mais d’Lokalekipp konnt awer fir den een oder aneren Entlaaschtungsugrëff suergen. An enger Situatioun hunn de Poteau an d’Lat de 4:0 verhënnert.

De 4:0 ass eréischt am leschten Drëttel gefall. An der 52:46 Minutt huet de Claude Mossong op Assist vum Benny Welter de Score erhéicht. D’Freed war grouss an och de verdéngten Éieregoal an der leschter Minutt vum Mätsch huet näischt dru geännert.

Nächste Mätsch ass auswäerts géint Phantoms Antwerp an den nächste Rendezvous zu Beefort op der Äispist ass de 25. November géint Bulldogs Liège.