Beefort gewënnt den Optaktmätsch mat 4:3

Gëschter Owend huet den IHCB säin éischte Mätsch fir dëst Saison gespillt a gläich gewonn. 4:3 (2:1, 1:1, 1:1) stoung et zum Schluss fir déi Beeforter géint Olympia Heist op der Berg. Déi Beeforter spillen an der belscher Division 1 an déi lescht Saison hu se op der zweeter Plaz ofgeschloss.

De belsche Championnat huet den 29. September ugefaangen an Olympia Heist op der Berg konnt seng dräi Mätscher all gewannen. Eréischt am Laf vun dëser Woch konnte se um Äis trainéieren an esou war ee gespaant, wou den IHCB géif elo stoen.

No knapps véier Minutten huet de Cedric Farinon de Vizechampion aus Lëtzebuerg a Féierung bruecht a mol keng zéng Minutte méi spéit huet de Mirko Mosr den 2:0 geschoss. D’Gäscht aus der Belsch hunn net opginn an no zwou Minutten nom 2:0 ass den 2:1 gefall.

Ähnlech ewéi am éischten Drëttel hunn d’Beeforter am Ufank ee Goal geschoss an zwar an der véierter Minutt de Ben Houdremont, deen op 3:1 erhéicht huet. Olympia Heist op der Berg huet ëmmer méi den Toun uginn an esou hu se an der 36. Minutt op 3:2 verkierzt.

Am leschten Drëttel dat nämmlecht Bild. An der 42. Minutt schéisst de Claude Mossong de 4:2 a vun deem Moment un ass d’Spill an nëmmen eng Richtung gaangen: Op de Beeforter Goal. Laang hu se dee gutt verteidegt an duerch verschidden Eenzelaktiounen huet d’Méiglechkeet bestane fir op 5:2 ze erhéijen. An der 56 Minutt ass de 4:3 gefall a vun do un war et méi wéi spannend ginn. Duerch Zäitstrofe stoungen nach nëmmen dräi Beeforter Feldspiller um Äis. D’Bollwierk huet duergehale an déi éischt dräi Punkte fir dës Saison bleiwen zu Beefort.

Den nächste Samschdeg geet ët weider auswäerts géint Jets Gullegem an den nächsten Heemmätsch ass den 11. November géint Chiefs Leuven.