Energiespueren an der Schoul

Déi dräi Klasse vum C4.1 vum Viviane Bertemes, Thierry Lampach a Bob Ries hunn zesumme mam Energieberoder Laurent Hennico vum Energiepark Biekerech eng Sensibiliséierungsaktioun zum Thema “Energie” fir hir Schüler duerchgefouert. Op enger spillerescher Aart a Weis a mat Hëllef vun Experimenter gouf dat komplext Thema behandelt.

Biller hunn déi erneierbar a fossil Energie vun der Quell bis zu hirer Notzung dokumentéiert a mat enger aktiver Zesummenaarbecht hunn d’Schüler geléiert, datt een de Choix huet, wéi eng Energiequell een notze well. Fir d’Theorie gräifbar ze gestallte stoungen aacht Experimenter um Programm: Wandkraaft, Waasserkraaft, Solarenergie, fossil Energie (Dampmaschinn), spuersam Beliichtung, Isolatioun, Standby-Verbrauch an den elektresche Stroumkrees.

Zum Ofschloss a fir dat Geléiert nach eng Kéier ze widderhuele goufen eng Rei Gruppespiller gemeet an all Schüler krut och een Energieführerschäin iwwerreecht.