Iwwer 550 Leit bei der “Randonnée Mullerthal”

Nieft de Gemengewahlen war de leschte Sonndeg déi eeleft Editioun vun der “Randonnée Mullerthal”, déi vu “Rando & Co Mëllerdall VoG” organiséiert gouf. Gezielt goufe 453 Mountainbiker an 101 Persounen, déi getrëppelt sinn.

D’Organisateure soen de fräiwëllege Hëllefer, de Sponsoren, der Gemeng an der Forstverwaltung Beefort e groussen Merci fir hir Ënnerstëtzung. Och soen si der Beeforter Jugendherberge Merci fir d’Bereetstellung vun hirer Entrée fir d’Aschreiwungen.

Déi zwieleft Editioun vun der “Randonnée Mullerthal” ass fir e Sonndeg, de 14. Oktober 2018 geplangt.