Portugisescht Volleksfest beim Kiosk

Nieft dem Rock am Duerf op der Äispist an den zwee Concerten am Ristorante Ballanti am Kader vun der Zéng-Joer-Feier de ganze Weekend gouf et mat engem Volleksfest vun der Vereenegung GSRC Fiolhoso de Beaufort weider musikalesch Optrëtter.

E Samschdeg den Owend sinn zwou Gruppen opgetrueden: fir d’éischt Minhotos Marotos aus Portugal an duern Os Onda Nova aus der Schwäiz. Sonndes stoungen um Programm eng Matinée mat Os Onda Nova an am Nomëtteg hu Cantares da Regiao de Bastos gesongen an zum Schluss huet de Folklorgrupp Os Minhotos de Echternach eng Virféierung presentéiert. Op engem Écran ass och de Fussballmätch Portugal géint Mexiko gewise ginn.  

Och hei eng kleng Fotosgalerie vum Sonndeg: