Anna Casper gewënnt de “Prix Commune de Beaufort”

Vun haut a bis e Méindeg, den 1. Mee, ass am “Centre A-Grand-Prix” (Reitschoul) d’Coupe de Luxembourg an den International Cup vun der Dressur. Am Ganze sti während den dräi Deeg 13 Prüfungen um Programm. De “Prix Commune de Beaufort” gouf ët fir de Gewënner vun der Dressurprüfung M* M6 an an dësem Fall ass ët eng Gewënnerin an zwar Anna Casper (LPSV Donzdorf Alb/Fils). Mam Päerd “Collin Conner” huet si 680 Punkten erreecht. Déi zweet Plaz (673 Punkten) deele sech de Marco Ulrich (Club Hippique Beaufort) an den Oliver Luze (RV Mannheim).

De ganze Programm mat de Reider an de Resultater fënnt een ënnert dësem Link. An der Gallerie sinn e puer Andréck vum “Prix Commune de Beaufort”: