Grouss Botz den 1. Abrëll ab 9 Auer

Eigentlech wor hei een Artikel iwwert d’Strooss tësche Beefort an der Vugelsmillen virgesinn, déi vun ee Méindeg, den 13. Mäerz, bis e Freideg, den 31. Mäerz, gespaart ass mais dunn ass mer den Dreck laanscht Strooss opgefall. Weider Erklärungen a Beschreiwunge sinn nit néideg wann ee déi folgend Biller (eng Auswiel) gesäit a wéi schonns gesot ass d’Grouss Botz e Samsdeg, den 1. Abrëll, ab 9 Auer.