Jonk Zwillingsschwësteren um gudde Wee un déi international Spëtzt

Ganz sportlech geet et an der Beeforter Famill Mosr zou an d’Rollen, besser gesot d’Sportaarten, si kloer opgedeelt: d‘Männer (de Papp Miro an de Bouf Mirko) spillen Äishockey an d’Damme (d’Mamm Anetta mat de Zwillingsschwësteren Anettka a Klarka) sinn am Judo aktiv. An dat an de Beeforter Veräiner, wat hautesdags nit selbstverständlech ass.

An de leschte Wochen a Méint konnt ee méi dacks eppes iwwert d’Zwillingsschwësteren Anettka a Klarka liesen an héiere mais wie si si eigentlech? Am Oktober 2000 gebuer hunn déi zwee Meedercher mat sechs Joer déi éischt Schrëtt op der Matt gemeet an eng véier Joer méi spéit konnt een d’Potential vun Anettka a Klarka erkennen. Déi zwee lescht Joere si se op den internationale Concoursen ewéi den „European Cups“ fir Sportler ënner 18 Joer esou richteg erfollegräich ginn a si hu sech een Numm an der Nowuesszeen vum europäeschen Judo gemeet. Am Fong geholl heesche se Anetta a Klara mais de Buschtaf „k“ ass eng Verniedlichung vum Numm an déi Form huet sech an der Tëschenzäit duerchgesat.

Op de leschte Landesmeeschterschaften am Judo den 9. November stoungen déi zwou Schwësteren mat 16 Joer souwuel bei den U18 an och den U21 an der Finall. Bei den U18 konnt sech d’Anettka a bei den U21 Klarka duerchsetzen. Sou huet jiddereen eng Gold- an eng Sëlwermedail. Des Weidere kommen nach zwou Goldmedaile bäi well d’Fraenekipp vum Beeforter Judoclub ass och nach Landesmeeschter an de Kategorien U18 an U21 ginn. Zu der Fraenekipp gehéieren nach Siviane Kersting, Jenny Kiessling, Marie-Ange Neves, Lara Weber a si gi vum Katrin Reißberg trainéiert. 

Vu lénks no riets: Siviane Kersting, Jenny Kiessling, Marie-Ange Neves, Lara Weber, Anettka a Klarka Mosr a Katrin Reißberg.

D’„European Cups“ si Wettkämpf op héchstem Niveau a si fannen dat ganzt Joer duerch a verschiddene Länner statt. Et ginn zwar nach vill aner international Turnéier mais d’„European Cups“ sinn déi Referenz am europäeschen Nowuesberäich. Anettka ass momentan ee bëssi méi wäit an der Entwécklung ewéi hir Schwëster mais d’Klarka ass amgaangen de Réckstand lues awer sécher opzehuelen. Vläicht läit et un de véier Minutten, déi d’Klarka méi jonk ass ewéi hir Zwillingsschwëster. Bei den „European Cups“ konnt d’Anettka 2015 a Coimbra (Portugal) an der Kategorie bis 57 Kilo sech als fënneft placéieren well et beim Kampf ëm déi drëtte Plaz géint eng Israelin ganz knapp verluer huet. Dëst Joer an der Kategorie bis 63 Kilo stinn eng siwent Plaz zu Malaga (Spuenien) an eng fënneft Plaz zu Zagreb (Kroatien) am Palmarès. An der Halleffinall bei de „Judo Open“ zu Warschau (Polen) ass d’Anettka emgeknéckst an huet missten opginn. Normalerweis hätt d’Anettka dee Mätsch gewonnen a wier dann an der Finall gewiescht mais sou ass et dann zu enger fënnefter Plaz ginn. Klarka wor dëst Joer och an der Kategorie bis 63 Kilo am Asaz an hatt konnt sech souwuel zu Coimbra an och zu Warschau als siwent placéieren.

16 Stonne Training – pro Woch

Hannert dësem Erfolleg steet vill Training dohannert, déi een als Aussestehender praktesch guer nit matkritt. Ee Wocheplang vun deenen zwou jonk Sportlerinne gesäit esou aus: méindes zwou Stonne Judo oder Kraafttraining; dënsdes zwou Stonne Judo oder Kraafttraining; mëttwochs zwou Stonne moies an zwou Stonnen owes Training; donneschdes zwou Stonne Kraafttraining an owes annerhallef Stonn Training zu Beefort; freides zwou Stonne moies Training an owes zwouanenghallef Stonnen zu Beefort. De Weekend hu se fräi oder si sinn op engem Turnéier ënnerwee. Nieft Beefort gëtt nach mat der Nationalekipp um INS, an der Coque oder souguer zu Metz trainéiert. D’Schoul däerf een och nit vergiessen a momentan sinn d’Anettka am Sportslycée an d’Klarka am Nordstadlycée ageschriwwen. Bis d’lescht Joer si se fir Tschechien un de Start gaange mais zanter 2015 steet de roude Léif op hirem Kimono.

Eng flott Erfahrung, nit nëmmen um sportleche Plang mais och kulturell gesinn, hunn d’Anettka an d’Klarka lo am November gemeet: Während zwou Wochen hu se un engem Trainingslager a Japan deelgeholl. Si hunn zu Tokio iwwernuecht a bis op den Training an der Kokushikan-Uni hu se annerhallef Stonn gebraucht. D’Uni zielt zu de Stäerkste vu Japan an trainéiert goufe se vun enger zweefacher Weltmeeschterin a Grand-Slam-Gewënnerin bis 57 Kilo. Nieft den zwee Beeforter Meedercher woren nach dräi lëtzebuerger Judokas dobäi, déi allerdéngs op enger Uni am Ausland studéieren. Am Ufank hate se Schwieregkeete fir an de Rhythmus well am Géigesaz zu Lëtzebuerg méi Trainingskämpf ausgedroe ginn an och ee bëssi mat der Zäitemstellung. Nieft dem Judo stoung nach genuch Zäit zur Verfügung fir d’Kultur kennenzeléieren an och d’Tempelen ze besichen. Et wor zwar nit geplangt mais ongewinnt wor et op jidde Fall vun engem Erdbiewe wakereg gemeet ze ginn.

D’Kokushikan-Uni gehéiert zu de stäerksten Univeristéite vu Japan. Si woren an de Joren 2014 an 2016 Teammeeschter vun den Universitéiten a Japan.

Fir 2017 sti schonns eng Rei Terminer um Programm ewéi d’Europameeschterschaft, d’Weltmeeschterschaft (USA) an d’olympesch Jugendspiller an Ungarn. D’WM an d’olympesch Jugendspiller ginn all zwee Joer organiséiert an den Niveau ass méi oder wéineger gläich wobäi d’Europameeschterschaft all Joer ausgedroe gëtt. Dat sinn déi grouss Zieler an den nächsten zwielef Méint mais et gëtt ee Schrack nom anere gemeet an dann ofgewien ewéi et virugeet an op wéi eng Meeschterschaft et geet. International gesi si se schonns bekannt an een däitsche Bundesligist weist Interressi déi zwou Schwësteren an hir Ekipp opzehuelen.

Nieft der Famill steet och hir Trainerin a „Managerin“ Katrin Reißberg hannert hinnen, déi och d’Fraenekipp vum Beeforter Judoclub zanter fënnëfanhallef Joeren trainéiert. Bis de leschte Summer huet Katrin während fënnef Joren de ganze Veräin trainéiert an elo huet hatt sech op de Fraeleeschtungssport spezialiséiert. Zu der Entwécklung am Beeforter Judoclub seet Katrin: „Nach meiner eigenen Karriere mit der deutschen Nationalmannschaft habe ich mich dazu entschlossen den Judoclub in Beaufort als Cheftrainerin zu übernehmen. In den fünf Jahren hat sich unglaublich viel entwickelt, zum Beispiel die nun angehenden Topsportlerinnen Anettka und Klarka Mosr. Zumals bei Anettka habe ich in einen der ersten Trainingsstunden gesehen, dass sie großes Talent hat und habe mich ihrer sofort angenommen. Als sie etwa zwölf Jahren alt war habe ich sie auf die Linke-Kampfauslage umgestellt und dann war mir sicher: Anettka wird mal eine große Sportlerin. Ihre Schwester Klarka steht ihr mittlerweile in nichts mehr nach, sie profitiert vorallem von ihrer unglaublichen Willensstärke. Mit den beiden zu arbeiten aber auch mit den anderen jungen Frauen wie zum Beispiel Lara Weber macht extrem Spaß und es läuft echt gut. Man darf aber auch nicht vergessen, dass die Mädchen mit nun 16 Jahren gerade erst in die entscheidende Phase kommen. Die Grundsteine sind gelegt, jetzt muss am Feinschliff gearbeitet werden, um sich im Seniorenbereich durchsetzten zu können.“

Zu der Trainertätegkeet schafft Katrin fir d’Zwillingsschwësteren als eng Zort Managerin, verwalt hir Sportlersäiten, Presseterminer an deemnächst hire Sponsoring an och all Publicitéit rondrëm d’Fraenekipp. Déi lescht Aktioun wor ee Fotokalenner fir d’Joer 2017, dee 70 mol zu Beefort an Eechternoach verkaaft konnt ginn. D’Managerfunktioun hëlleft de jonke Sportler sech op dat Wesentlech ze konzentréieren an nit zevill Zousazterminer nieft der Schoul an dem Judo ze hunn. 

Zesummenaarbecht tësche Beefort an Eechternoach

De Beeforter an den Eechternoacher Judoclub schaffen zanter véier Joer zesummen. Mëttlerweil gëtt et ee gemeinsame Comité a si setzen ee gemeinsame Trainingsplang op. Zum Thema Fraenekipp huet Katrin folgendes ze soen: „Jeder Trainingspartner ist wichtig für die Entwicklung der Mädels. Wünschenswert wäre, wenn wir es auf eine Trainingsgruppe um die acht bis zehn Frauen steigern könnten. Trotzdem haben wir gegenüber anderen Vereinen in Luxemburg schon eine quantitativ starke Gruppe und die anderen jungen Frauen werden 2017 ebenfalls ins Wettkampfgeschehen einsteigen, jedoch erstmal im einem tieferen Niveau“. Déi nei Sportshal mam Judossall an dem Kraaftraum huet dem Veräin ee weideren Elan ginn, deen an der Lëtzebuerger Judosszen zu enger fester Gréisst gehéiert.

Bleift nieft sou vill Judo a Schoul och nach Zäit fir Hobbyen? Jo soen déi zwee Teenageren an zu de Fräizäitbeschäftegunge gehéieren Molen, Déieren, Fotografie, Fitness, Ski a Surfen. Op jidde Fall wënsche mer den zwee Nowuestalenter fir d’Zukunft alles Guddes an dat se vu Verletzunge verschount bleiwen. D’Anettka an d’Klarka hunn hir eege Facebooksäit an wann een op de jeweilegen Numm klickt, da kënnt een op hir Säiten: Anettka a Klarka.